Kalenner

Jun
30
Sat
2018
Naturversammlung @ Agang vum Schéiferwee
Jun 30 @ 14:00 – 16:00
Naturversammlung @ Agang vum Schéiferwee | Schuller | Distrikt Lëtzebuerg | Luxembourg

Salut Wëllefcher,

De Summer steet gläich virun der Dier a mir kommen dem Enn vun dësem Joer ëmmer méi no.

Fir nach e bëssen Zäit an der Natur ze verbrénge maache mir nees eng Naturversammlung. Mir ameséieren eis nees beim Hütte-Bauen a bei villen neie Saachen di et iwwert d’Natur, d’Ëmwelt an iech selwer ze léiere gëtt.

Wann dir och des Kéier erëm wëllt dobäi sinn an déi lescht Versammlung vum Joer mat Spill, Spaass a Natur verbrénge wëllt, da gesi mir eis am Schuller Bësch.

Versammlung
Jun 30 @ 14:00 – 16:00
Versammlung @ Home
Jun 30 @ 14:00 – 16:00
Jul
7
Sat
2018
Pow-Wow virbereeden @ Scoutshome J. Norbert Arend
Jul 7 @ 10:00 – 16:00
Nuit des Brevets @ Home „Bei de Kiewerlecken”
Jul 7 @ 18:00 – Jul 8 @ 00:00
Nuit des Brevets @ Home „Bei de Kiewerlecken” | Strassen | District de Luxembourg | Luxembourg

Am Kader vun hirem 40. Gebuertsdag empfänken eis d’Kiewerlecken vu Stroossen um Owend virum Pow-Wow fir d’Nuit des Brevets.

No engem gemittlechen Iesse mat alle Formatiounskandidate wäerten op dëser Soirée all déijéineg, déi d’Formatioun gepackt hunn, hire Brevet iwwerreecht kréien. Dono erwaart eis e flotte Concert.

Natierlech sinn och all déi aner Explorer a Rover invitéiert fir un der Nuit des brevets deelzehuelen.

Fir déi di wëllen, gëtt et och d’Méiglechkeet sur Place ze schlofen. Dofir brénge mir eis Zelter mat!

Jul
8
Sun
2018
Pow-Wow @ Parking vun der Administration communale vu Stroossen
Jul 8 @ 09:15 – 17:00
Pow-Wow @ Parking vun der Administration communale vu Stroossen | Strassen | District de Luxembourg | Luxembourg

Circus Pau-Wau

Léif Scouten a Guiden,

Wéi all Joer invitéiert ee Scoutsgrupp vun der FNEL op de grousse Pow-Wow, dat grousst Zesummentreffe vun alle Scouten, vum klengste Beaver bis bei de gréisste Chef, un deem all Joer iwwer 1000 Scouten deelhuelen.

D’Kiewerlecken vu Stroossen hunn dëst Joer keng Käschten a Méie gescheit, fir de berühmten Zirkus „Pau Wau“ an hir Gemeng ze invitéieren a fir mat eis zesummen e flotten Dag an der grousser Zirkusmanège ze verbréngen.

Loosst iech dës exzeptionell Virstellung net entgoen!

Jul
14
Sat
2018
Summercamp @ Scoutshome J. Norbert Arend
Jul 14 @ 09:00 – Jul 18 @ 16:30
Summercamp @ Scoutshome J. Norbert Arend | Schouweiler | District de Luxembourg | Luxembourg

Léif Scouten,

Fir de 25. Gebuertsdag vun den Dippecher Dachsen invitéiere mir all eis Memberen op den DAX-O-RADO, de Summercamp fir all d’Kanner aus de Gemengen Dippech a Reckeng. Mir invitéieren dowéinst net nëmmen all eis Memberen, vum klengste Beaver bis bei den eelste Rover, mee och aner Jonker aus der Gemeng, also luet och fläisseg all är Kollegen an! Zesummen, op Scout oder net, erliewe mir e flotte Camp op deem är Frënn gewuer ginn, wéi flott e Camp ka sinn, ënnert dem Motto Let’s Dax!

Scoutsgreiss,
är Cheffen

Summercamp @ Scoutshome J. Norbert Arend
Jul 14 @ 09:00 – Jul 20 @ 17:00

16
Mon
2018
Summervakanz
Jul 16 – Sep 14 all-day